D’Bëschschoul an der Millebaach an der Stadt. Hei schaffen d’Laurence Belche, Tihana Babacic, d’Tina Majerus an d’Christine Hoffmann. Iwwert e ganzt Joer konnt ech si mat hiren zwou Klasse begleet a mer ukucken, wei hiren an och de Kanner hiren Alldag ausgesäit.
Wei gëtt mat de Kanner geléiert ?
Geet een all Dag an d’Natur eraus?
Wat mëscht ee wann et reent ?
Wei gesäit Zesummenaarbecht mat der Maison relais, den Elteren an awer och der Naturverwaltung aus ?
Mat all deene Froe beschäftege mer ons an dëser an an deenen nächsten Episoden.
An der zweeter Episode gesi mer wei en Thema agefouert gëtt, wei e ka mat Materialien aus dem Bësch eppes bastelen, mir gesi firwat se 2 Feierplatzen hunn a mir kréien héije Besuch. Wanterfest gett gefeiert zesumme mat den Elteren.