D’Grondschoulklassen zu Lëtzebuerg ginn ëmmer méi divers. D’Zil ass et, den Enseignanten hëllefräich Iddien ze ginn, wéi si mat där Diversitéit kënne ëmgoen an dobäi gläichzäiteg zu enger méi gerechter an inklusiver Gesellschaft bäidroen.
Op der Universitéit Lëtzebuerg hunn d’Sylvie Kerger, Assistenzprofessorin fir Bildungspsychologie, de Sergei Glotov, Postdoktorand am SciTeach Center, an d’Nathalie Atten, Enseignante am Cycle 1 zu Nidderkuer, eng pedagogesch Ressource entwéckelt, déi den Enseignanten Inspiratiounen, Iddien a konkret Beispiller aus der Praxis iwwert d'Themen Diversitéit, Gerechtegkeet an Inklusioun ubitt.
An der Broschür ginn ënnert anerem follgend Thematike behandelt:
- Firwat ass dat Thema wichteg?
- Wat fir eng Bicher kann ech als Aleedung zum Thema benotzen?
- Wei kann ech mäi Klassesall aménagéieren?
- Wei e kann d’Elteren mat abannen?
Dir kënnt d’
Broschür gären online consultéieren an eroflueden. Am SciTeach Center op der uni.lu kënnt Dir Äert gedréckten Exemplar och gratis ofhuelen.