D’Divisioun vum Stage vum edukativen a psycho-soziale Personal huet an deene leschte Wochen a Meint eng Rei Konferenzen organiseiert bei deenen sech alles ëm d‘Erfuerschung vum Psychotrauma gedreint huet.
Am Kader vun engem Ciné-Débat zum Thema Inzest gouf d'Projektioun vum Dokumentarfilm „Un silence trop bruyant” organiséiert, gefollegt vun enger Diskussiounronn, a Präsenz vun der Schauspillerin a Realisatrice Emmanuelle Béart, dem Professer Cyril Tarquinio an dem Dokter Roland Seligmann, Pediater a Grënner vun ALUPSE, der lëtzebuergescher Associatioun fir sozial Pedatrie.
Am Virfeld vun der Projektioun hate mir d’Geleeënheet en Interview mam Professer Cyril Tarquinio, Professer fir klinesch Psychologie op der Universitéit Metz, stellvertriedende Direkter vun der Fuerschungseenheet "Inspire", Grënner an Direkter vum Pierre Janet Zentrum a Verantwortleche fir de Masterstudium a klinescher Psychologie op der Universitéit Lorraine, ze maachen.