Bewegtes Lernen am C3 an am C4 zu Sëll

Bewegte Schule – Beweegung am Alldag souwuel an dePausemomenter (och Mini-Pausen während den Unterrëchtsphasen) wéi och an deLéiermomenter abauen fir d’Léiere vun de Kanner ze fërderen (Léieren duerch amat Beweegung) wéi awer och d’Konzentratioun ze stäerken. A natierlech spilltd’Beweegung och hei hire Rôle als Ausgläich, souzesoen als Ventil fir demnatierleche Beweegungsdrang vun de Kanner am … Continued

ALR Talents am Réidener Lycée

Individuell kënnen op all Schüler anzegoen an hier Intressen ze fuerderen ass souwuel an der Grondschoul wei och am Lycée net ëmmer einfach. Am Réidener Lycée bidden se dofir all Freiden Atelieren un, wou e sech kann am Ufank vum Schouljoer, no sengen Intressen aschreiwen. Dat Ganzt leeft ënnert dem Numm ALR Talents.

Blended-Learning am Lycée Josy Barthel zu Mamer

Säit epuer Joer gëtt et am Lycée Josy Barthel Mamer elo schonn de BlendedLearning. An engem Setting, dee Präsenz- a Fernunterricht verbënnt,léieren d’Schülerinnen a Schüler dobäi a verschiddene Fächer nieft demfachspezifesche Léierprogramm zugläich gezielt digital, kooperativan autonom ze schaffen. Dëst ënnerstëtzt si net nëmmen an hirerEntwécklung hin zu selbststännegen an eegeverantwortlechenIndividuen, ma vermëttelt hinnen zugläich zentral Kompetenze fird’Liewen am 21. Joerhonnert.

Den Zuelebegrëff de Kanner am C1 méi no brengen

Den Zuelebegrëff kann een de Kanner op villsäiteg Manéier nobréngen; op an Aktivitéiten am grousse Grupp, am Wocheplang oder ganz individuell. Mat vill verschiddenem Material kënnen d’Kanner an deene verschiddene genannte Situatiounen d’Mathé fir sech entdecken. De Sënn vun all dësem ass, dass si schonns vu klengem un eng Virstellung dovu kréien, wat et heescht … Continued

Snoezel-Raum Capellen

E Snoezel-Raum. E Raum, deen de Kanner erméiglecht zur Rou ze kommen a sech zreck ze zeien. Wei dee Raum ausgesäit a wat fir eng Aktivitéiten een do ka mat de Kanner maachen, da wore mer ons op Capellen an de Précoce ukucken.

IFEN Inspire 02 – Den Asaz vu Spiller am Unterrecht

Assasin’s Creed am sechste Schouljoer oder mam Fliger iwwert de Wembley-Stadion fléien. Maache Konsolen a Gesellschaftsspiller an enger Schoul wierklech Sënn? Mir woren op der Game on an ons an d’Schoulen ukucken, wei do Spiller an den Asaz kommen. An engem zweeten Deel kucke vun engem wëssenschaftleche Standpunkt aus, wat fir den Asaz vu Spiller … Continued

IFEN Inspire 03 – Raumgestaltung

Am éischten Deel werfe mer mam Martine Lehnen (IFEN Hospitatiounen), e Bléck a verschidde Klasseräim a Schoulgebaier. Wat ginn et fir Konzepter a Méiglechkeeten de Léierraum ze gestalten? Musek als Fach an der Grondschoul – en onbeléifte Lückefüller am Stonneplang oder e Fach mat onausgeschöpften Geleeënheeten? Dorëms geet et am zweeten Deel. Den Eric Falchero, … Continued

Preventiounsprojet am LCE

Am Iechternacher Lycée hunn 3 Enseignanten e Projet an d’Liewe geruff, deen als Ziel huet dei Jugendlech ze sensibiliséieren, dass si net alles sollen op de soziale Reseauen deelen. Wat sinn d’Konsequenzen, wat versteet een ënnert non Assistance à personne en danger a wei soll e reagéieren, wann een Zeie vun zum Beispill enger Kläpperei … Continued

IFEN Inspire 01 – Interview mam Direkter vum IFEN, dem Christian Lamy

Entdeckt mam Podcast vum IFEN eng Panoplie un Inspiratiounen, Iddien a Praxisbeispiller aus der Edukatiounswelt. All Episod ass agedeelt an 3 thematesch Bléck: Reportagen : Inspiréierend Geschichten aus eiser Bildungslandschaft : Mir besiche Schoulen, Formatiounen, Konferenzen a Foiren, féieren Interviewen an entdecken nei Léiermethoden, fir Iech praktesch Tipps fir Äer Praxis mat op de Wee … Continued

Gesellschaftsspiller am Sproochenunterrecht

Am Lycée Bel-Val benotzt de Gérard Kraus Gesellschaftsspiller an e VR-Brëll fir d’Schüler méi zum Schwätzen ze bréngen. Wat fir eng Spiller sech besonnesch dofir eegenen a wei esou eng Schoulstonn ausgesäit, dat wore mer ons an de Lycée ukucken.

Educator’s Day – Game on

Beim Educator’s Day vun der 3. Editioun vun der Game On huet sech dëst Joer och rem alles ëm den Asatz vu Gesellschaftsspiller a Computerspiller am Unterricht gedreint. Mir hunn an de Rotonden mat Experte geschwat a woren ons an d’Klassen ukucken wei do Spiller an den Asatz kommen.

Wat versteet een ënnert « Frühkindliche Reflexe »?

Wat versteet een ënnert engem frühkindliche Reflex a wei kann een de Kanner bei deenen dëse nach present ass hëllefen? Dat hu mer bei der Psychagogin Annette Jaffke nogefrot. Dobäi krute mir och Tipps, wei een de Kanner an der Klass mat ganz einfache Mëttelen hëllefe kann.

Zirkuspädagogik an der Schoul zu Deifferdeng

Beim Projet d’établissement BeCreactive vum LMRL geet et drëms, d’Schüler an d’Schülerinnen doranner ënnerstëtzen, fir méi autonom a responsabel ze ginn, an se z’ermontere selwer Initiativen ze ergräifen. An dësem Reportage hu mir e Grupp begleet, deen sech virgeholl huet eng Noriichtesendung selwer ze schreiwen, ze filmen an ze schneiden ; dat Ganzt fir un … Continued

De Churermodell an der Grondschoul zu Mamer

Säit 2019, fonctionéieren an der Grondschoul zu Mamer eng Rei Klassen nom sougenannte Churermodell. Mir waren ons bei de Gast Weydert an d’Klass ukucke wat de Churermodell ass a wei een de ganz einfach och a senger Klass kann ëmsetzen. Dobäi krute mir och nach en Tipp deen een direkt a senger Klass ëmsetze kann, … Continued

Notre site fait peau neuve !

Les ressources publiées ici seront transférées et modernisées au cours des prochaines semaines et mois.

Venez découvrir les publications révisées sur IFEN Inspire: https://ssl.education.lu/ifen/inspire/