Blended-Learning am Lycée Josy Barthel zu Mamer

Säit epuer Joer gëtt et am Lycée Josy Barthel Mamer elo schonn de BlendedLearning. An engem Setting, dee Präsenz- a Fernunterricht verbënnt,léieren d’Schülerinnen a Schüler dobäi a verschiddene Fächer nieft demfachspezifesche Léierprogramm zugläich gezielt digital, kooperativan autonom ze schaffen. Dëst ënnerstëtzt si net nëmmen an hirerEntwécklung hin zu selbststännegen an eegeverantwortlechenIndividuen, ma vermëttelt hinnen zugläich zentral Kompetenze fird’Liewen am 21. Joerhonnert.

Den Zuelebegrëff de Kanner am C1 méi no brengen

Den Zuelebegrëff kann een de Kanner op villsäiteg Manéier nobréngen; op an Aktivitéiten am grousse Grupp, am Wocheplang oder ganz individuell. Mat vill verschiddenem Material kënnen d’Kanner an deene verschiddene genannte Situatiounen d’Mathé fir sech entdecken. De Sënn vun all dësem ass, dass si schonns vu klengem un eng Virstellung dovu kréien, wat et heescht … Continued

Eveil-aux-Sciences am Churer-Modell

D’Sophie Niederkorn ass Léierin zu Bartreng an huet an der Schwäiz studéiert. Do huet hat de Churer-Modell kënne geléiert a schafft zënterhier nach just no deem Modell. Wei een eng Eveil-aux-Sciences-Stonn kann nom Churer-Modell opbauen huet hat ons gewisen.

Reggio-Pädagogik

D’Anne Schmit ass Léierin am Cycle 1 an der École fondamentale Kleesebierg zu Reckeng op der Mess. An dësem Video stellt hat ons d’Reggio-Pädaogik vir, déi nom 2. Weltkrich an Italien entstanen ass. Falls dir Iech fir d’Reggio-Methode intresséiert da kënnt dir och bei d’Anne Schmit kucke goen. Hat bitt Hospitatiounen un fir déi der … Continued

Snoezel-Raum Capellen

E Snoezel-Raum. E Raum, deen de Kanner erméiglecht zur Rou ze kommen a sech zreck ze zeien. Wei dee Raum ausgesäit a wat fir eng Aktivitéiten een do ka mat de Kanner maachen, da wore mer ons op Capellen an de Précoce ukucken.

Preventiounsprojet am LCE

Am Iechternacher Lycée hunn 3 Enseignanten e Projet an d’Liewe geruff, deen als Ziel huet dei Jugendlech ze sensibiliséieren, dass si net alles sollen op de soziale Reseauen deelen. Wat sinn d’Konsequenzen, wat versteet een ënnert non Assistance à personne en danger a wei soll e reagéieren, wann een Zeie vun zum Beispill enger Kläpperei … Continued

Gesellschaftsspiller am Sproochenunterrecht

Am Lycée Bel-Val benotzt de Gérard Kraus Gesellschaftsspiller an e VR-Brëll fir d’Schüler méi zum Schwätzen ze bréngen. Wat fir eng Spiller sech besonnesch dofir eegenen a wei esou eng Schoulstonn ausgesäit, dat wore mer ons an de Lycée ukucken.

Educator’s Day – Game on

Beim Educator’s Day vun der 3. Editioun vun der Game On huet sech dëst Joer och rem alles ëm den Asatz vu Gesellschaftsspiller a Computerspiller am Unterricht gedreint. Mir hunn an de Rotonden mat Experte geschwat a woren ons an d’Klassen ukucken wei do Spiller an den Asatz kommen.

Wat versteet een ënnert « Frühkindliche Reflexe »?

Wat versteet een ënnert engem frühkindliche Reflex a wei kann een de Kanner bei deenen dëse nach present ass hëllefen? Dat hu mer bei der Psychagogin Annette Jaffke nogefrot. Dobäi krute mir och Tipps, wei een de Kanner an der Klass mat ganz einfache Mëttelen hëllefe kann.

Zirkuspädagogik an der Schoul zu Deifferdeng

Beim Projet d’établissement BeCreactive vum LMRL geet et drëms, d’Schüler an d’Schülerinnen doranner ënnerstëtzen, fir méi autonom a responsabel ze ginn, an se z’ermontere selwer Initiativen ze ergräifen. An dësem Reportage hu mir e Grupp begleet, deen sech virgeholl huet eng Noriichtesendung selwer ze schreiwen, ze filmen an ze schneiden ; dat Ganzt fir un … Continued

De Churermodell an der Grondschoul zu Mamer

Säit 2019, fonctionéieren an der Grondschoul zu Mamer eng Rei Klassen nom sougenannte Churermodell. Mir waren ons bei de Gast Weydert an d’Klass ukucke wat de Churermodell ass a wei een de ganz einfach och a senger Klass kann ëmsetzen. Dobäi krute mir och nach en Tipp deen een direkt a senger Klass ëmsetze kann, … Continued

D’Joereszäiten am Musekunterrecht

An dësem Reportage hëlt d’Caroline Medernach eis mat an hire Musekscours. Hei entdecke mir ënnert anerem wéi d’Joreszäiten am Museksunterrecht thematiséiert kënne ginn an d’Schüler a Schülerinnen op eng spilleresch Aart a Weis den Ëmgang mat den Instrumenter léieren. Falls dir un dëser Approche interesséiert sidd, kënnt fir iech iwwer folgende Link fir eng Hospitatioun … Continued

Achtsamkeet an der Grondschoul zu Käerjeng

Wei kann e  schwiereg Themen mat de Kanner beschwätzen? Een Usatz ass de Cercle de parole régulée. Wei dee fonktioneiert, dat erkläert ons den Antoine Leclerq am Lycée technique du Centre. Kontaktéiert eis falls dir interesséiert sidd dës Method an ärer Schoul ëmzesetzen.

Achtsamkeet an der Grondschoul zu Käerjeng

Ënner Achtsamkeet versteet een, dass een am Moment lieft a seng Ëmwelt, säi Kierper, seng Stemmung wouer hellt, ouni dobäi ofgelenkt ze ginn. Wei een Achtsamkeit an der Schoul mat senge Kanner kann üben, dat wore mer ons op Käerjeng an en C3 ukucken. Formatiounen zum Thema Achtsamkeet am Unterrecht fannt dir am Katalog vum … Continued

Notre site fait peau neuve !

Les ressources publiées ici seront transférées et modernisées au cours des prochaines semaines et mois.

Venez découvrir les publications révisées sur IFEN Inspire: https://ssl.education.lu/ifen/inspire/