Anne Straus

Institutrice spécialisée en Développement Scolaire (I-DS)

No menger Ausbildung zu Walfer als Enseignante am Fondamental Cycle 1-4 hunn an der Stad Lëtzebuerg an de Gemengen Fluesweiler a Wuermer ënnerriicht. An dësem Kader hunn ech mech ab 2014 am Schoul Comité an der Schoulkommissioun engagéiert.

Am Joer 2016 sinn ech gefrot ginn fir d ’Funktioun als CP ze iwwerhuelen an hunn als Préparatioun op dës Aufgab den Zertifikat Mentoring/Tutoring am Bildungsberäich op der Uni Lëtzebuerg besicht an ofgeschloss. Ab 2018 hunn ech mech zousätzlech zur Funktioun als CP och als PR engagéiert.

Aktuell sinn ech amgaangen, op der Uni Lëtzebuerg e Masterstudiegang am „Management a Coaching am Bildungs- a Sozialwiesen“ ofzeschléissen.

Säit der Rentrée 2020/2021 sinn ech als « Institutrice spécialisée en Développement Scolaire“ um SCRIPT täteg.