Carlo Thimmesch

Instituteur spécialisé en Compétences Numériques (I-CN)

No mengen Etüden als Sozialpedagog hunn ech 8 Joer als Leeder vum gréisste Jugendhaus an der Stad Lëtzebuerg an als Responsabel vum Service Vacances vun der Caritas geschafft.

No 4 Joer an der Education différenciée sinn ech dunn op Virton op d’HERS gaang fir vun 2005 un als Schoulmeeschter zu Lëntgen ze schaffen. Hei war ech Titulaire an alle Cyclen an hu mech als Responsable Informatique ëm den i-Pad-Projet an de Makerspace gekëmmert. Dëst spannend Aarbechtsfeld huet mir ëmmer méi gewise, wéi eng villfälteg an zukunftsorientéiert Méiglechkeete fir d‘Schoul an deenen digitale Medie stiechen. Wéi kënne mir eis Schoul op déi kommend Defie preparéieren – wéi kënnen all Acteure vun der Schoul kollaborativ a kreativ, mee och an engem kriteschen Echange zesummeschaffen a sech op d’Schoul vun der Zukunft virbereeden? Dat ass een Deel vun den Erausfuederungen, déi mech interesséieren a wou ech wäert probéieren Äntwerten ze fannen.

Zanter der Rentrée 2019 hunn ech am SCRIPT-Aarbechtsgrupp „Coding C4“ matgeschafft an aktuell sinn ech am 4. Semester vum Masterstudium „Medienspielpädagogik“ op der Donau-Universität Krems ageschriwwe.
Zanter der Rentrée 2020/21, sinn ech als I-CN fir 9 Gemengen an der d’Direktioun 12 zoustänneg.