Chris Krier

Coordinateur I-CN

No mengen Etüden ob der Universitéit vu Lëtzebuerg zu Walfer, hunn ech vun 2013 – 2019 am Enseignement Fondamental zu Déifferdeng am Zentrum geschafft. Hei war ech ufanks als Surnuméraire am Cycle 3 ënnerwee, an hu kuerz drop als Titulaire am Cycle 4 geschafft.

Scho wärend mengem Studium hu mech den Asaz vun digitale Medien a Spiller (analog an digital) stark interesséiert, a waren natierlech och a menge Klassen e feste Bestanddeel vu mengem Schaffen.

2016 – 2017 hunn ech um SCRIPT am Mediegrupp matgeschafft fir Schoulen beim integréiere vu Medien an hir Praxis z’ennerstëtzen.

2017 hunn ech d’Decisioun getraff de Master an der MedienSpielPädagogik zu Krems ze maachen. Hei konnt ech mech an dësem Thema stark weiderbilden an och am Asaz vu Spiller wieder spezialiséieren.

2018 hunn ech mech als Concepteur d‘Offre de Formation Continue um IFEN em d’Medienpädagogik gekëmmert an säit 2019 verstärken ech d’Equipe vun den I-CN a sinn och Enseignant vacataire ob der Uni.lu.