Cynthia Herrmann

Institutrice spécialisée en Compétences Numériques (I-CN)

Nom Ofschloss vu mengen Étuden um ISERP am Joer 1997 hunn ech 23 Joer laang als Léierin am Fondamental zu Diddeleng geschafft. Dobäi ware mer d’Vermëttelen an d’Notze vun den neien Technologien am Unterrecht ëmmer wichteg. Fir um neiste Stand iwwert d’Medien an der Schoul ze bleiwen, hunn ech reegelméisseg u Formatiounen um IFEN zum Thema deelgeholl. Donieft hunn ech d’informatescht Material un de Schoulen, an deenen ech geschafft hunn, betreit an, zesummen mam Schoulcomité, um Konzept fir den Erwerb an d’Benotze vun den neien Technologien an der Schoul geschafft.

Säit der Rentrée 2020/2021 sinn ech als « Institutrice spécialisée en Compétences Numériques » täteg.