Josiane Molitor

Institutrice spécialisée en Développement Scolaire (I-DS)

No mengem Ofschloss um ISERP, am Joer 2002, hunn ech 17 Joer als Titulaire vun de Cyclë 4 an 3 an der „Ëlwenter Schull“ geschafft, mech an diversen Aarbechtsgruppen a Projete bedeelegt an den Austausch mat externe Partner (virun allem mam Personal aus dem Internat) gesicht.

Säit 2010 war ech, als Member vum Schoulkomitee, verantwortlech fir d’Konzeptualiséierung a Fërderung vun der Schoulentwécklung zu Ëlwen an hunn dobäi vill praktesch Erfarungen an de Beräicher Kommunikatioun, Kooperatioun, Unterrechts- an Organisatiounsentwécklung gesammelt.

Fir des praktesch Erfarungen besser ze verstoen an theoretesch ze fundéieren, hunn ech mech 2014 derzou entschloss, e Master-Fernstudium am Beräich „Schulmanagement“ op der TU Kaiserslautern unzefänken, deen ech am Juni 2018 ofgeschloss hunn. Duerch de Studium hunn ech mech zudeem vill mam Lëtzebuerger Bildungssystem auserneegesat a geléiert, d’Schoulentwécklung an e gréissere Kontext ze setzen.

Zënter September 2019 schaffen ech als I-DS an hu sou meng Leidenschaft fir Schoulentwécklung zum Beruff gemaach. Dobäi ass et mir besonnesch wichteg, aner Enseignanten a Schoule mat Energie a Leidenschaft bei der Ëmsetzung vun hiren Entwécklungsziler ze begleeden an ze ënnerstëtzen.