Kim Folschette

Instituteur spécialisé en Compétences Numériques (I-CN)

Opgewuess sinn ech ënnert anerem mam Lego, dono dann mam Game Boy 1.0. Ech krut mäin 1. Kontakt an d‘Computerwelt, iwwert de Commodore 64 vum Brudder an zielen sou just net zu de sougenannten Digital Natives.
Ech si frou, och nach déi Welt ouni Smartphone, Facebook a Co ze kennen a kann haut och do nach gutt meng Grenzen zéien. Scho zimmlech fréi huet mech awer och scho gereizt aus der analoger Welt an déi méi digital Welt anzedauchen. Datt huet sech bis dato sou gehalen an ech konnt mäin Wëssen doran och stänneg verbesseren an ausbauen.

Ech hunn säit 2009 am Enseignement fondamental geschafft, konnt do bis haut ganz vill nei Ideee an Andréck gesinn, kenneléieren, sammelen a weiderentwéckelen.

2016, krut ech dunn déi enorm Chance de Bachelor en cours d’emploi, och wéinst menger berufflecher Vergaangenheet am Enseignement, nozemaachen, deen ech dunn 2018 krut hunn.

Meng Passioun fir déi digital Welt, well ech och weider als Enseignant an elo als I-CN, de Kanner vun haut, als Erwuesse vu muer mat op de Wee ginn, fir an der komplexer Welt vun iwwermuer, net de Fuedem ze verléieren an se prett ze maachen déi spannend, innovativ, an dach deelweis nach onbekannte Welt mat all de Sënner kennenzeléieren an awer hei och de gewësse Respekt dofir ze kréien.

Ech freeë mech op eng interessant, positiv a léierräich Zesummenaarbecht mat all de concernéierte Leit an de verschiddenen Ekippen.