Larry Bonifas

Instituteur spécialisé en Compétences Numériques (I-CN)

No menger Ausbildung als Schoulmeeschter zu Virton hunn ech vun 1999 un am Fondamental geschafft, ier ech dunn 2007 als Instituteur d’enseignement préparatoire an e Lycée gewiesselt sinn. Ech hunn während deene Joeren am Lycée och als Enseignant vacataire am BScE op der Uni.lu matgeschafft. 2012 sinn ech dunn an de Service Enseignement Secondaire um MENJE gewiesselt an hu mech ëm de Régime préparatoire bekëmmert.

Ab 2018 hunn ech mech ëm den Enseignement à domicile vun de Schüler am Fondamental-Alter bekëmmeren.

Säit September 2020 sinn ech als Instituteur spécialisé en compétences numériques täteg.