Marc Kremer

Instituteur spécialisé en Compétences Numériques (I-CN)

No mengen Etuden op der Hénallux (anc. ILES) zu Baaschtnech (B), hunn ech vun 2002 bis 2020 an der Grondschoul zu Dikrech geschafft an dat zum allergréissten Deel am C4. Vill Joren hunn ech mech ëm de Parc Informatique vun der Schoul bekëmmert. Den Asaz vun den neien Technologien am Unterrecht huet mech vun Ufank un staark interesséiert. Donieft war ech och Member vum „Comité d’école“ vun Dikrech vun 2009 – 2017.

An de Joren 2016 – 2020 hunn ech déi nei Kolleegen als „Conseiller Pédagogique“ bei hirem Beruffsstart begleet. No 18 Joer als Schoulmeeschter am Fondamental hunn ech dunn eng nei Erausfuerderung gesicht an den neien Challenge als „Instituteur spécialisé en compétences numériques“ (I-CN) ugeholl.