Nadja Godfroid

Institutrice spécialisée en Développement Scolaire (I-DS)

Nom Ofschloss vun mengen Etüden op der Uni Lëtzebuerg am Joer 2013, hunn ech am Cycle 4 an der Grondschoul zu Wëntger an an der Voie de Préparation am Lycée zu Wolz geschafft. Fir mech am Beräich Schoulentwécklung weiderzebilden hunn ech 2019 den Master am Beräich „Schulmanagement“ op der Universitéit zu Kaiserslautern ugefaang an 2021 ofgeschloss. Säit der Rentrée 2021 däerf ech een Deel vum I-DS Team sinn an d`Schoulen bei hirer Entwécklungsaarbecht begleeden.