Steve Juchemes

Instituteur spécialisé en Compétences Numériques (I-CN)

No der Première hunn ech e puer Joer „Sportwissenschaft“ zu Saarbrécken studéiert. Wärend dem Studium hunn ech zu Lëtzebuerg ëmmer nees Remplacementer an der Primärschoul gemaach. Well mir dat immens gutt gefall huet, hunn ech dofir 2009 de Stage gemaach fir als „chargé de cours“ fest agestallt ze ginn.

Déi lescht 10 Joer hunn ech an der Maacher-Schoul geschafft, wou ech mech ënnert anerem am Schoulcomité engagéiert hunn. Zousätzlech hunn ech mech em de „parc informatique“ vun der Schoul gekëmmert. Heibäi hunn ech gemierkt, datt d’Schaffe mam Computer a mat den „neie Medien“ am Allgemenge mir besonnesch läit.

Aus dësem Grond hunn ech mech entscheet der Ekipp I-CN unzeschléissen, fir sou mengen ale Kolleegen an dësem Beräich geziilt weiderhëllefen ze kënnen.