Véronique Schmitz

Institutrice spécialisée en Développement Scolaire (I-DS)

No mengem Ofschloss op der Hénallux (B), hunn ech 18 Joer als Titulaire vun 2003-2021 am Cycle 2 an 3 an der Grondschoul ze Wëntger ënnerriicht. Säit 2009 war ech Member vum Schoulcomité an ënner anerem fir d’Schoulorganisatioun, schoulintern Formatiounen an d’Schoulentwécklung mat verantwortlech. All déi Joren hunn ech gemeinsam mat mengen Aarbechtskolleegen nei Usätz am Unterrecht ëmgesat a vill wäertvoll praktesch Erfarunge  gesammelt. Beräicherend waren och verschidden europäesch Projete mat menge Klassen an ech hat d’Chance a verschiddene Schoulen am In- an Ausland konnten ze hospitéiere fir nei Methoden an der Praxis kennenzeléieren an ëmzesetzen.

2020 hunn ech ee Master am Management a Coaching am Bildungswiesen ofgeschloss. A menger Masteraarbecht gouf d’Thema Schoulneibaute mam Schwéierpunkt dat Inclusioun Kooperatioun a Raum brauch, beliicht. Säit September 2021 schaffen ech als I-DS a freeë mech d’Enseignanten an d’Schoulen an hirem Alldag ze begleeden an ënnerstëtze sief et bei der Schoulentwécklung, an der Unterrechtsentwécklung, bei Formatiounen oder och bei der interner Schoulorganisatioun.