Yves Steffen

Instituteur spécialisé en Développement Scolaire (I-DS)

No mengen Etuden un der HERS zu Virton, war ech vun 2010 bis 2017 Schoulmeeschter an der Gemeng Beetebuerg. Hei war ech esou wuel am Centre d’Apprentissage, als Titulaire de classe an am Appui/Surnuméraire-Beräich täteg.

Iwwert de Posten als Coordinateur vum Cycle 3 huet 2012 mäin Interesse un der Schoulentwécklung ugefaangen. Als President vum Schoulcomité ab 2015 hunn ech 2016 mäi Mastergang am „Schulmanagement » op der TU Kaiserslautern ofgeschloss.

Säit dem September 2017 sinn ech fir de SCRIPT als „Instituteur spécialisé en Développement Scolaire » am Asaz.