Fërderung vun der Eegeninitiative vun de SchülerInnen am LMRL

Beim Projet d'établissement BeCreactive vum LMRL geet et drëms, d'Schüler an d'Schülerinnen doranner ënnerstëtzen, fir méi autonom a responsabel ze ginn, an se z’ermontere selwer Initiativen ze ergräifen. An dësem Reportage hu mir e Grupp begleet, deen sech virgeholl huet eng Noriichtesendung selwer ze schreiwen, ze filmen an ze schneiden ; dat Ganzt fir un engem Concours deelzehuelen.