De Churermodell an der Mamer Grondschoul

An der Grondschoul zu Mamer ginn et mëttlerweil e puer Klassen, déi nom Churermodell schaffen. De Bob Feyereisen a Gast Weydert, déi mat dësem Modell zu Mamer ugefaangen hunn, erklären an dësem Reportage wéi si de Churermodell uwenden an ugepasst hunn a wéi eng Roll de Raum dobäi spillt.
Wann dëse Reportage Iech virwëtzeg gemaach huet an dir méi iwwert de Churermodell wëllt gewuer ginn, kënnt dir iech iwwert folgende Link fir eng Hospitatioun an der Grondschoul Mamer umellen.