De Schoulgaart am LTB : Méi Opmierksamkeet fir Ëmwelt an Ernährung

Scho säit der Rentrée 2008/09 gouf am Lycée technique de Bonnevoie d’Initiative gestart fir de Cours vun der Culture générale am Régime préparatoire no baussen ze verleeën fir esou d’Schüler an d’Schülerinnen fir d’Natur ze begeeschteren. Mëttlerweil ass de Bouneweger Lycée mat sengem Schoulgart Deel vum Réseau « Léieren am Gaart ». An dësem Reportage erklären d’Lydie Gaspar, Enseignante am Régime préparatoire vum LTB an d’Amélie Brenner, Naturpedagogin beim CIGL Esch eis méi iwwer dëse Projet an d’Virdeeler vun dëser Approche.