(Digital) Game-based Learning – eng wéineg bekannte Method stellt sech vir

(Digital) Game-Based Learning ass eng villverspriechend pedagogesch Method, déi awer nach wéineg bekannt ass. Grondsätzlech handelt et sech hei em eng Strategie déi d'Iddi vum Spillen benotzt fir spezifesch Léierziler z'erreechen. Um Educator’s Day vun der Game On déi am Oktober 2022 an de Rotondes stattfonnt huet, hu mir mam Tom Hildgen, Enseignant an Expert an der Spillpedagogie, esou wéi mat enger Rei Aussteller geschwat, fir des Approche besser ze verstoen.