Dobausse Fuersche mam FuDo Projet

D’Véronique Kohnen, Enseignante am Cycle 2 zu Niederanven, hëlt eis mat an de Schoulgaart a weist, wéi een d’Froe vun de Kanner als Basis vun engem Fuerschungsprozess an der Natur notze kann. Als Teammember beim FuDo-Projet (Fuerschen dobaussen) erkläert si eis, wéi ee mat de Kanner dobausse fuersche kann a wat een dofir brauch.
Dobausse Fuersche mam FuDo Projet: Wann dëse Reportage Äert Interessi erwächt huet an Dir méi iwwert d'Ëmsetzung vum FuDo-Projet gewuer wëllt ginn, kënnt Dir iech iwwert folgende Link fir eng Hospitatioun zu Niederanven umellen: