D’Raumgestaltung am Stater Kolléisch

De Jos Salentiny, fréieren Direkter vum Stater Kolléisch, hëlt eis an dësem Reportage beim Prozess vun de Renovatiounsaarbechte mat, déi vun 2012 bis 2017 am Gebai ënnerholl goufen. Et gëtt een Abléck an déi nei Infrastrukture gebueden an de Jos Salentiny erkläert no wéi enge Prinzippien a Prioritéiten den Ëmbau geplangt gouf.