E multimodale Klasseraum am LTEtt

Ëmmer méi Schoule bidden hautdesdaags en handlungsorientéierten Unterrecht a Form vun enger Projetsaarbecht un, wou d’Schüler hiren eegenen Unterrecht, encadréiert vum Léierpersonal, gestalte kennen. Dëst stellt konventionell Raimlechkeete vun enger Schoul viru grouss Erausfuerderungen. Am Lycée Technique zu Ettelbréck huet e sech am Kader vun der nei gegrënnter Sektioun „sciences environnementales“ kuerz SE, doriwwer Gedanke gemaach a schafft un der Realisatioun vun engem multimodale Klasseraum, wou optimal fachiwwergräifend praxisorientéierten Unterrecht stattfanne kann.