Reportagen :
Inspiréierend Geschichten aus eiser Bildungslandschaft : Mir besiche Schoulen, Formatiounen, Konferenzen a Foiren, féieren Interviewen an entdecken nei Léiermethoden, fir Iech praktesch Tipps fir Äer Praxis mat op de Wee ze ginn.
Expertenstëmmen :
Am zweeten Deel gi mir Experten d'Wuert. Dat si souwuel Leit vum Terrain, wéi Formateuren oder Chercheure. Mat Hëllef vun Interviewen oder awer Zesummefaassunge vu méi laangen Diskussiounen, kritt Dir déif Ablécker an déi neisten Trends an Erkenntnisser am Bildungsberäich.
Wëssenschaftlech Perspektiven :
Am leschten Block vun eisem Podcast kritt all Episod een aner Wëssenschaftler eng "Carte blanche". Hei hunn si d'Méiglechkeet mat eis ze deelen, wat d’Welt vun der Fuerschung aktuell beschäftegt a wéi een Impakt dës Erkenntnisser op déi alldeeglech Aarbecht kënnen hunn.
Abonnéiert eisen Podcast a begleet eis op dëser spannender Rees duerch d'Welt vun der Educatioun.