Minecraft am Unterrecht an der Grondschoul Miersch

Den Andy Arendt, Enseignant am Cycle 2 an der Grondschoul Miersch, setzt reegelméisseg esouwuel analog wéi och digital Spiller an sengem Unterrecht an. An dësem Reportage verréit hien eis wéi hien Minecraft benotzt fir Kompetenzen ewéi raimlecht Denken, Kommunikatioun a Kollaboratioun bei senge Schüler ze fërderen.