Natur- & Wildnispädagogik : Réckbléck op déi 1. Marche pédagogique vum IFEN

Den 25. Mee 2023 huet déi 1. Editioun vun der „Marche pédagogique“ vum IFEN stattfonnt. Eng 50 Participanten hunn am Ellergronn zu Esch un 4 verschiddenen Ateliere ronderëm Thema „Natur- & Wildnispädagogik“ Deel geholl: Outdoor-Kachen, iessbar Kraider, Kooperatiounsspiller an Entspanung am Bësch.