Raumkonzept an der Reggio-Pädagogik

D’Anne Schmit, Léierin am Cycle 1 an der École fondamentale Kleesebierg zu Reckeng op der Mess, weist an dësem Reportage wéi eng Roll de Raum bei der Reggio-Pädagogik anhëlt. Et ginn ënnerschiddlech Aktivitéite virgestallt, bei deenen de Raum ee wichtege Bäitrag zum Léierprozess leescht.
Wann Iech dëse Reportage virwëtzeg gemaach huet an Dir Loscht hutt Iech d’Raumgestaltung beim Anne Schmit méi genau unzekucken, kënnt Dir Iech iwwert folgende Link fir eng Hospitatioun zu Reckeng op der Mess umellen.