Digital Kompetenze bei de SchülerInnen

Kim Melchers 25 Oct 2021

Medien, Medienkompetenz, digital skills, computational thinking, all dës si Schlagwierder, déi aktuell an de Schoulen an aller Mond sinn.

Am Zesummenhang mat dësen Themen, stellt sech dann och ëmmer nees déi Fro op eis jonk Leit, nennt se “Generatioun Y” oder och nach “Millenials”, da vun sech aus schonn digital natives sinn, also an eis néi Technologie, mat all hiren Facette, gebuer sinn oder net.

Stellt een d’Fro wéi elo grad ass d’Äntwert ganz kloer « Jo ». Kuckt een wat alles hannert der Fro stécht muss een ganz oft soen « Neen ».

An genau hei kommen eben déi digital Kompetenzen an d’Spill, déi zwar dovunner ausginn, dass déi jonk Generatioun mat der Technologie opgewuess ass, se zwar benotzt, mee net beherrscht. Dohier och de Begrëff vum digital naives. An aneren Wierder sinn déi jonk Leit, an all aner Generatioun natierlech och, ganz oft einfach Konsumenten vun der Technologie, mee net wierklech Gestalter.

Duerch d’Aféieren vum Projet « Einfach codéieren » am Enseignement fondamental (EF) an dem Fach “Digital sciences” am Enseignement secondaire (ES), gëtt dëser Lacune Rechnung gedroen. Duerch des béid Projeten gëtt versicht der jonker Generatioun Kompetenzen mat op de Wee ze ginn, fir esouwuel d’Technologie vun haut ze benotzen, mee virun allem och ze verstoen, dëst ëmmer mam Bléck op eng kritesch Ausenanersetzung mat den Méiglechkeeten vun haut an muer.

Ziel ass et duerch den Opbau vun digitalen Kompetenzen, Jonk wéi aal dozou ze kréien, d’Technologien aktiv a virun allem kreativ ze notzen.

Mee komme mir mol zu den digitalen Kompetenzen. Wat genau gëtt dorënner verstanen?

D’UNESCO definéiert digital skills folgendermoossen: “Digital skills are defined as a range of abilities to use digital devices, communication applications and networks to access and manage information.”.[1]

Des Kompetenzen sollen genotzt ginn:

  • to create and share digital content ;
  • to communicate and collaborate ;
  • to solve problems for effective and creative self-fulfillment in life, learning, work, and social activities at large.

Et kéint een elo denken, wann ech op Facebook, Twitter an Co e Post eropsetzen, hunn ech schonn digital Kompetenz bewisen a gebraucht. Déi uewe genannte Kompetenzen sinn awer a vill méi engem groussen Zesummenhang ze gesinn.

“Create and share digital content” ass méi ewéi eppes op de soziale Medien ze posten. Et geet een hei vun engem kreativen Erschaffen vun Webinhalter aus. An obwuel banaalt chatten zwar schonn als Kommunikatioun kann ugesinn ginn, esou ass de Schrëtt hin zu Kollaboratioun awer nach eng Kéier eng aner Nummer. De kollaborativen an de share Charakter vun digitalen Kompetenzen ass heibäi virun allem ervirzehiewen.

Et kennt och net vu näischt, dass digital Kompetenzen a problem solving Hand an Hand ginn. Dat logescht, oftmools mathematescht Denken, ass an enger digitaler Welt immens wichteg. Ziel vun digitalen Kompetenzen an och vun deene neien Initiativen am EF an am ES ass et sécherlech net aus all Kand e Programméierer ze maachen. Et soll vill méi Verständnes opgebaut ginn, wéi Technologie haut funktionéiert a wéi ech selwer Technologie förderlech fir mech notze kann.

Et ass en Paradigmewiessel. Et ass net méi “Ech an d’Technik”, mee “d’Technik fir mech”. Wéi kann d’Technik mir am Alldag, an der Schoul awer och an Zukunft op menger Aarbechtsplaz nëtzlech sinn a mech ënnerstëtzen. Ech muss des Technik net zwéngend beherrschen, mee kontrolléieren a verstoen wéi se funktionéiert, fir se esou nach méi effizient a cibléiert notzen ze kënnen.

Ausgoend vun der Definitioun vun den digital skills vun der UNESCO, gëtt et ee Punkt, op deen hei ganz speziell soll agaange ginn, an zwar den access and manage information.

An der jëtzeger, mediatiséierter Welt, ass et ëmmer méi wichteg, Informatiounen, an domat Wëssen, kenne kritesch ze analyséieren a sérieux Quellen vun dësen Informatiounen ze notzen. Nees eng Kéier, ass et net dat blannt konsuméieren, mee eng kritesch Ausernanersetzung mat dem medialen Inhalt. Fake News kommen och dohier, dass vill Leit net déi Kompetenz hunn, falsch Informatiounen ze filteren. Versteet een awer wéi d’Technik, an dësem Fall de World Wide Web funktionéiert, kennt ee ganz séier hannert déi falsch Informatiounen oder leeft manner Gefor mat dësen an Kontakt ze kommen.

Digital Kompetenzen sinn also eng Aart Facilitator an der digitaler, mediatiséierter Welt vun haut.

An dësem Dossier thématique, fannt dir eng ganz Rei interessant Ressourcen ewéi Artikelen, Expert talks oder nach Resuméen vu Studien, déi d’Thema vun den digitale Kompetenze vun de SchülerInnen aus verschiddene Bléckwénkele presentéieren.


[1] https://en.unesco.org/news/digital-skills-critical-jobs-and-social-inclusion