Bildungsraim gestalten

Marc Weber 17 Nov 2022

Léieren am 21. Joerhonnert ass gepräägt duerch ganz ënnerschiddlech Dynamiken, Tendenzen an Erausfuerderungen: Digitaliséierung, 21st century skills, Inclusioun, Bildung fir nohalteg Entwécklung, Bildungshaiser wou Schoul a Maison Relais zesummen e Gebai deelen, …

Dëst si just e puer Stéchwierder déi erëmspigelen, dass Léieren am schouleschen Alldag wäit iwwert Vermëttele vu Wëssen erausgeet. Léieren ass eppes Komplexes wat net linear ka geduecht ginn. Léieren ass en eegenaktive Prozess wou de Léirenden duerch gemaachen Erfarungen an den doraus resultéierenden Erkenntnisser säi Wëssen op- an ausbaut. Dëst Léiere geschitt an der Schoul an op villen anere Plazen. Léiere fënnt heefeg net eleng statt mee mat der Ënnerstëtzung vun Peers an och vun deene Leit déi dofir zoustänneg sinn, dës Léiermomenter ze gestalten an ze begleeden. Léiere kann zu all Moment vum Dag geschéien an dat egal wéi al oder jonk een ass.

D’Gestaltung vun dëse Léiermomenter ass e ganz zentralen Aspekt fir en erfollegräicht Léieren. D’Pedagogie mat all hiren ënnerschiddlechen Dimensioune wéi Léiermotivatioun, Strukturéierung, Feedback, asw. steet hei ganz kloer am Virdergrond wann et dorëms geet gutt Léierméiglechkeeten ze schafen.

D’Pedagogie hëlt dofir och bei dësem Dossier thématique zum Thema „Bildungsraim“ eng ganz zentral Plaz an. De Léierraum kann net ouni d’Pedagogie geduecht ginn. De Raum an deem Léiermomenter stattfanne soll zum Léieren alueden, soll am Léierprozess inspiréierend wierken, soll awer och Méiglechkeete bidden an ënnerschiddlecher Form an Haltung kënnen eleng an och mat aneren ze léieren.

D’Gestaltung vum Léierraum kann entscheedend dozou bäidroen, dass Léieren nach e Stéck besser ka geléngen, doduerch dass ee raimlech Viraussetzunge schaaft déi di pedagogesch Virgoensweis ënnerstëtzen a vereinfachen. De Begrëff „Raum als dritter Pädagoge“ (L. Malaguzzi) kann déi Gedanken op dëser Plaz just nach verdäitlechen an ass Iech sécher scho bekannt.

An de verschiddene Bäiträg vun dësem Dossier thématique gëtt d’Thema vun der raimlecher Gestaltung vun ënnerschiddlechen Acteuren aus der Bildungslandschaft opgegraff. Dir wäert ganz ënnerschiddlech Modeller a Konzeptioune vu Bildungsraim virgestallt an erkläert kréien. Verschidden Elementer dovunner kënne sécherlech ouni gréisseren Opwand a bestoende Raimlechkeeten direkt vun Iech ëmgesat ginn. Aner Aspekter verlaangen do schonn éischter gréisser architektonesch Viraussetzunge fir an där Form wéi een se am jeeweilege Bäitrag gesäit, kënnen ze schaffen.

Dat wat all déi verschidde Bäiträg awer gemeinsam hunn, ass d’Zesummespill vum pedagogeschen Denken an dem raimleche Gestalten. An hei steet d’Pedagogie meeschtens ganz vir am Denk- an Handlungsprozess.

Mir lueden Iech gären dozou an déi ganz villfälteg an inspiréierend Bäiträg ronderëm d’Gestaltung vu Bildungs- a Léierraum all Kéier duerch zwee Brëller ze betruechten: d’Gestaltung vum Raum u sech an dann awer och déi pedagogesch Iwwerleeungen déi dozou féieren de Raum vum a fir d’Léieren anescht z’amenagéieren.

Vill Spaass beim Entdecken an och Ausprobéiere vun deem engem oder anere Modell vun der raimlecher Gestaltung vum Léieren!

A fir all weider Demarchen a Weiderentwécklung vun Äre Gedanke ronderëm Bildungs- a Léierraum steet den IFEN Iech gären zur Verfügung. Zesumme mat Iech denke mir de Léierraum vun der Zukunft gäre weider, e Léierraum deen inspiréierend soll wierken an et eise Kanner erlaabt hir Potentialer ganzheetlech z’entfalen.