Jeff Hennico

Instituteur spécialisé en Compétences Numériques (I-CN)

Nom Ofschloss vum mengem Bachelor en Sciences de l’éducation op der Universitéit Lëtzebuerg, hunn ech vun 2015 bis 2018 als Schoulmeeschter am Cycle 1 a 4 zu Diddeleng an zu Esch/Uelzecht geschafft.

2018 hunn ech decidéiert mech an der Thematik vun der Medienpädagogik ze spezialiséieren, an an dem Sënn mäin Master am Beräich “Educational Technology” zu Saarbrécken ugefaangen. Niewent mengem Interessi vir d’Informatik, läit meng Passioun beim Musek maachen.

Säit der Rentrée 2020/2021 sinn ech beim SCRIPT als “Instituteur spécialisé en Compétences Numériques » am Asaz.