Martine Lehnen

No menger Ausbildung op der Uni Lëtzebuerg als Enseignante hunn ech 5 Joer an der Stad Lëtzebuerg ënnerriicht. Aktuell sinn ech ëmgaangen e Master am « Schulmanagement » zu Kaiserslautern ofzeschléissen, fir méi eng iwwergräifend Vue op den Schoulsystem ze gewannen.

Säit der Rentrée 2020/2021 sinn ech Deel vun der Equipe vum Ifen an schaffen un ënnerschiddlechen Projeten mat, dovun och eng Rei am Beräich vun der Schoulentwécklung.