Ronny Rommes

Instituteur spécialisé en Développement Scolaire (I-DS)

Enseignant säit 1997, hunn ech ab 2004 ugefaangen, d’Entwécklung vun engem Projet zur Gewaltpräventioun an -Interventioun ze realiséieren. Fir d’Ofleef an der Ëmsetzung vu Schoulprojeten ze optimiséieren, hunn ech eng Formatioun zum Schoulprojektcoach ënnert der Regie vum Siegfried Seeger absolvéiert an 2007 ofgeschloss. An deem Kontext duerft ech och aner Schoulen beim Erstellen vun hirem PRS ënnerstëtzen.

No weidere Projeten an hirer Standardiséierung op kommunalem Niveau hunn ech mech ab September 2017 dem Grupp I-DS beim SCRIPT ugeschloss, fir Schoulen am Fondamental am Kader vun hirem PDS ze begleeden.