Sven Fournelle

Instituteur spécialisé en Compétences Numériques (I-CN)

No mengen Etuden um ISERP an op der Universitéit vu Lëtzebuerg zu Walfer, hunn ech vun 2005 bis 2007 am Lycée Technique vun Esch als Enseignant vum Preparatoire geschafft. Ab 2007 sinn ech an de Enseignement Fondamental, an d‘Gemeng Hesper gewiesselt, wou ech an der Schoul zu Izeg am Ufank Dechargen enseignéiert hunn an duerno als Titulaire vu Klassen aus dem Cycle 3 a 4 täteg war.

Vun 2008 bis 2020 war ech zu Izeg Responsable Informatique an hunn de ganze Parc Informatique vun eiser Schoul dierfe gestalten. D’Moderniséierung an d’Verbesserung vum vun dëser Technik an hire Notzen waren de gréisste Motivatiounsfacteur, fir dës Aufgab mat der noutwendeger Seriositéit virunzedreiwen.

D’Begleedung vu mengen Aarbechtskolleegen an hire Projeten, déi si mat Hëllef vun informateschem Material duerchféiere wollten, war eng vun de gréissten Erausfuerderungen. Dëst war mir och méiglech, well ech vun 2012 bis 2020 Coordinateur vun, respektiv, dem Cycle 3 a 4 war. Vun 2018 un hunn ech och Formatiounen am Beräich „Interaktiv Tafel“ an der Software „ActivInspire“ um IFEN ugebueden.

Ech sinn a meng Aufgaben eragewuess, well mir de Beräich vun der Informatik gutt läit an ech an deem Beräich en Autodidakt sinn. Ech notzen och schonn ëmmer d’Chance mech bei anere Leit ze inspiréieren, déi et mir erlaben a nei Aufgaben eranzewuessen.

Sou hunn ech mech mat Outilen ausenaner gesat:

  • fir d’Léieren duerch den informatesche Beräich méi interessant ze maachen,
  • fir den Austausch vun Donnéeën an d‘Zesummenaarbecht zu verbesseren,
  • fir d’Erstellen an d’Verbreeden vun Produktiounen vun de Schüler ze erliichteren,
  • fir d’Ëmsetzen vun der Theorie vum „Flipped classroom“ ze erméiglechen a
  • fir d’Verwaltung vum informateschen Material méi effizient ze gestalten.

Als I-CN ënnerstëtzen ech säit September 2020 de SCRIPT a probéieren mäi Wëssen a mäi Kënnen aktiv de Klassen, Enseignanten a Schüler weider ze ginn.