IFEN Inspire 04: Outdoor Education ¦ Reflexintegratioun ¦ KI

Wéi virun all Vakanz kënnt der iech och dës Kéier rëm déi neisten Episode vum IFEN Inspire Podcast ulauschteren. Déi éischt Sonnestralen déi sou schéi waarm drécke sinn do an et huet e rëm richteg Loscht fir erauszegoen. Genau dat maache mir am éischten Deel. Outdoor Education ass d’Stéchwuert an d’Laura Schmit huet sech an de Bëscher an de Schoulgäert ëmgekuckt a war zesumme mat de Klassen an d’Natur. Am zweeten Deel beschäftege mer ons mat der Reflexintegratioun. Nach ni héieren? Ons ass et genau sou gaangen an dofir si mir bei d’Annette Jaffke gaangen. Wat eng Psychagogin ass a wat si mat Reflexintegration ze dinn huet, dat kann hatt ons erklären. Fir ofzeschléisse gi mer dem Dominique Mangiatordi an onser Carte Blanche d’Wuert. Hie beschäftegt sech mat KI, der kënschtlecher Intelligenz, a wéi een déi kann nëtzlech an der Schoul asetzen.
Pour aller plus loin