Dossier thématique n°2/2023: Outdoor education

Ënnert dem Begrëff „Outdoor Education“ fënnt een eng Reih pedagogesch Konzepter déi sech, obwuel si sech an diverse Punkten ënnerscheeden, alleguer doduerch auszeechnen, dass hei baussent dem Klassesall op Basis vun eegenen Erfarunge geléiert gëtt. Enseignanten, Kanner an Eltere, mee och ëmmer méi international Studie berichten, dass reegelméissegt Léieren dobausse sech positiv op d’Schüler an d'Schülerinnen auswierkt. Och zu Lëtzebuerg hunn eng Reih Enseignanten de Wee eraus aus dem Klassesall scho fonnt. An dësem Dossier thématique kënnt dir entdecken, wéi am ganze Land - vun Déifferdeng bis op Wëntger - dobausse geléiert gëtt. Loosst iech inspiréieren an traut iech mat ärer Klass erauszegoen!