Hospitatiounsofferen

Fir d’Nohaltegkeet an d’Vilfalt vu senge Formatiounen ze garantéieren, hannerfreet den IFEN reegelméisseg net nëmmen wat d’Léierpersonal zu Lëtzebuerg duerch Formatioune léiert, mais virun allem och wéi si léieren. Duerch dës Iwwerleeunge sinn eng Rei flott, nei Formater entstanen, dorënner och eng Fotoausstellung.
 
Den éischte Vernissage vum IFEN steet a Verbindung mam Hospitatiounsformat, dat et säit 10 Joer um IFEN gëtt. Et handelt sech ëm geplangt an strukturéiert Visitten tëscht ënnerschiddleche Memberen aus formal an non-formalen Bildungsariichtungen. Ziel ass et, een Austausch ze schafen an deem bewäerte Methoden oder pedagogesch Praktiken gedeelt ginn. Et ass eng Fënster, fir an lëtzebuergesch Schoulen an Praktiken eranzeluussen an esou nei Inspiratioun fir säin eegent Schaffen ze entwéckelen. Dëst Format, dat eenheetlech positiv vun de Participanten erlieft gëtt, gouf an de leschten Joren ëmmer nees weiderentwéckelt. Esou ginn et 2023 mëttlerweil iwwert 60 Hospitatiounsofferen un deenen een iwwert den IFEN Deel huelen kann.
Surft laanscht op www.ifen.lu fir vun dëser Offer ze profitéieren an weider Informatiounen zum Hospitatiounsformat fannen.